Bericht vun der Generalversammlung 18/19

Bericht vun der Generalversammlung 18/19

Eise Präsident den Sam Befort hued all die Leit vu present waren herzlech begréißt. Vum Gemenge an Schefferoot waren gläich 5 Leit present. Et waren am ganzen nawel vill Leit do, waat den groußen Interessi un eisem Veräin beweist.

No der Usprooch vum Präsident hued den Sekretär Raymond Huss den Rapport vun den Aktivitéiten gemaach an hued den Leit die nei Transferen matgedeelt, den Detail vun deenen fand Dir am Artikel vum Letzebuerger Wort op eisem Site an den News. Durno gung et weider mat der Präsentatioun vum Keesebericht durch eise Keesier Ralph Wagner. D´Zuelen waren och fir die lescht Saison net positiv, mee awa vill besser wie die Saison viirdrun an villverspriechend fir d´Zukunft.

Am Staff vum Comité get et Bewegung, well engersäits eisen Keesier den Ralph Wagner ophält an op der aanerer Säit den Sam Befort säin Posten vum Präsident zur Verfügung stellt. Letzteren bleiwt dem Comité erhaalen. Wien elo d´Präsidentschaft iwwerhëllt endscheed sech während den nexten Deeg.

Nei am Comité an herzlech welkom sin den Claude Weber, Roland Bans, Roland Feipel an Jérôme Thielen.

No der fräier Aussprooch hued den Veräin op en Hammeschmiir an e gudde Patt ageluerden. Mir soen all den Leit die do waren en decken Merci!

UMW olé olé